Luef an Dank (#14270)

Mäi Gott, mäin Ugebieten, mäi Kinnek, mäi Begieren! Wéi eng Wierder kënne mäin Dank un Dech ausdrécken? Ech war zerstreet, Du awer hues mech erwächt. Ech hat Dir de Réck zougedréit, Du awer hues mir gnädeg gehollef, mech Dir nees zouzewenden. Ech war wéi dout, Du awer hues mech mam Waasser vum Liewen zeréckbruecht. Ech war verdréchent, Du awer hues mech mam himmlesche Stroum vun Denge Wierder, déi aus der Fieder vum Allbaarmhäerzege gefloss sinn, belieft.
O gëttlech Vorseeung! Alles wat besteet, kënnt vun Denger Gnod; verweiger deem net d’Waasser vun Denger Mëtschgiewegkeet an hal se net zeréck virum Mier vun Dengem Erbaarmen. Ech bieden Dech: Hëllef mir, a stéi mir zu allen Zäiten an ënner alle Bedingunge bäi, an ech sichen Deng uréiweg Gonscht vum Himmel vun Denger Gnod. Du bass a Wierklechkeet den Här vun der Gnod, den Herrscher vum Räich vun der Éiwegkeet.

-Bahá'u'lláh
-----------------------

Luef an Dank (#14271)

Hien ass Gott! O Här, wéi solle mir Dir Merci soen! Ouni Grenzen ass Deng Guttheet, an eis Dankbarkeet ass nëmme begrenzt. Wéi kann dat Begrenzt dem Onbegrenzten Dank erweisen? Onfäeg si mir, Dir Merci ze soe fir Deng Seegen. Vëlleg ouni Muecht, dréie mir eis Dengem Räich zou a bieden Dech, Deng Geschenker a Mëtschgiewegkeet ze vergréisseren. Du bass Deen, dee gëtt, Du bass Deen, dee schenkt, Du bass de Mächtegen.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Luef an Dank (#14272)

Hien ass Gott.
O du, deen an Ubiedung ronderëm de Punkt kreest, ëm deen d’Awunner vum allerhéchste Paradis kreesen. Hief du deng Hänn an Dankbarkeet un der Schwell vum eenzeg wierkleche Gott a so: O Du, héchst Bestriewe vu jidderengem, deen Dech leidenschaftlech gär huet! O Du, de Guide vun all verierter Séil! Du hues dëse schwaachen Dénger mat Dengen onendleche Seege begënschtegt an dësen Onglécklechen an Niddregen zur Schwell vun Denger Eenheet gefouert. Du hues dësen ausgedréchente Lëpsen d‘liewegt Waasser vun Denger Léift a Guttheet gereecht an dës midd a wieleg Séil mam Wand vu gëttlecher Baarmhäerzegkeet erëm belieft. Ech soen Dir Merci, dass Du mir eng voll Portioun vun Denger gnädegster Gonscht geschenkt hues a mir d‘Éier ginn hues, Deng helleg Schwell* ze erreechen. Ech bieden ëm en onendlechen Undeel vun de Räichtemer vun Dengem Kinnekräich do uewen. Bewëlleg Däi Bäistand. Schenk Deng gnädeg Gonscht.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Luef an Dank (#14273)

Hien ass den Hellegsten, den Herrlechsten. Am Numm vu Gott, de Matleedvollen, de Baarmhäerzegen! Gelueft ass Gott, den Här vun alle Welten!
O Här mäi Gott, mäin Hafen a mäin Ënnerdaach! Wéi kann ech Dech zerguttst ernimmen, sief et och mat de wonnerbaarste Wierder vu Verherrlechung oder den héchst eloquenten Ode vu Luef, o Du Allmächtegen a Verzeienden, wou ech dach weess, dass d’Zong vun all sproochgewaltege Riedner zéckt an all Ausdrock vu Luef vun der mënschlecher Fieder oder Zong duerchernee gëtt beim Versuch, fir nëmmen ee vun den Zeeche vun Denger allmächteger Stäerkt ze verherrlechen oder een eenzegt Wuert, dat vun Dir geschaf gouf, héich ze luewen. A Wierklechkeet sinn d’Flilleke vun de Vigel vum mënschleche Verstand gebrach bei hirem Versuch, zur Atmosphär vun Denger gëttlecher Herrlechkeet eropzefléien, an d’Spanne vun eideler Abildung bréngen et absolut net fäerdeg fir hir zerbriechlech Netzer op den héchste Spëtzen um Baldachin vun Dengem Wëssen ze wiewen. Et gëtt fir mech also keen aneren Auswee, wéi deen, meng Schwächt a Mängel zouzeginn an et gëtt fir mech keng aner Wunneng wéi an den Déifte vun Aarmut an Entbieren. A Wierklechkeet ass d’Onfäegkeet, Dech ze begräifen d’Essenz vum Verstoen, d’Ageständnis vu Mängel dat eenzegt Mëttel, bei Dech ze kommen, d’Zougi vun Aarmut, d’Quell vun echtem Räichtum.
O Här! Stéi mir an Dengen opriichtegen Dénger gnädeg zur Säit an eiser Ënnerwerfung virun Denger héijer Schwell, stäerk eis an eisem Bieden ëm Deng gëttlech Hellegkeet a befäeg eis, damiddeg an ënnerwerfeg virun der Dier vun Denger Eenheet ze stoen. Stäerk eis Schrëtt op Dengem Pad, o mäin Här, a maach mäin Häerz hell mat de Liichtstralen, déi vum Himmel vun Denge Geheimnisser erofschéngen.
Erfrësch mäi Geescht mat der ureegender Lëftchen, déi aus dem Paradis vun Dengem Pardon an Denger Verzeiung bléist, an erfree meng Séil duerch de beliewenden Otem, dee vun de Wise vun Denger Hellegkeet aus verbreet gëtt. Looss mäi Gesiicht stralen an de Welte vun Denger Eenheet an erlab, dass ech zu Dengen opriichtegen Dénger gezielt ginn an zu Denge Kniechte gehéieren, déi fest a sécher stinn.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

Luef an Dank (#14274)

Hien ass den Allherrlechen, de Stralendsten. O gëttlech Vorseeung, o verzeienden Här! Wéi kann ech jeemools zerguttst Däi Luef sangen oder Dech genuch veréieren a verherrlechen? Deng Beschreiwung duerch iergend eng Zong ass näischt aneres wéi Iertum an Deng Duerstellung duerch iergend eng Fieder ass e Beweis fir d’Topegkeet vun deenen, déi sech un dëser gewalteger Aufgab versichen. D’Zong ass nëmmen en Instrument, dat aus Elementer zesummegesat ass; Stëmm a Sprooch sinn näischt aneres wéi zoufälleg Attributer. Wéi kann ech also mam Instrument vun enger ierdescher Stëmm, de Luef feiere vun Him, dee weeder sengesgläichen huet, nach een, deen Him gläicht. Alles, wat ech soen oder siche kann, ass beschränkt duerch de Verstand vum mënschleche Geescht an ageschloss bannent de Grenze vun der mënschlecher Welt. Wéi ka mënschlecht Denken jeemools déi héchst Spëtze vu gëttlecher Hellegkeet erklammen a wéi kann d’Spann vun eideler Abildung jeemools hiert zerbriechlecht Netz vun huele Virstellungen iwwer d’Heem vun der Hellegkeet wiewen? Näischt kann ech maachen, ausser meng Schwächt ze bezeien a mäi Versoen anzegestoen. Du bass, a Wierklechkeet, Deen, deen alles besëtzt, den Onerreechbaren, Deen, deen héich iwwerem Versteesdemech vun deene schwieft, déi mat Verstand ausgerëscht sinn.

-`Abdu'l-Bahá
-----------------------

